Mir wollte gold a mir krute Gold

Um Wee bis an d'Finall hunn eis Red Lion Ladies missen d'Färöer Insele bezwéngen. Eis Dammen konnten knapp 2-0 a Féierung goen wou d'Gäscht opgedréint hunn. Mat vollem Risiko um Service hunn si eis Receptioun ënner Drock gesat. Och hir Defense war ëmmer do wou de Ball hikomm ass. Am fënnefte Saz 

 hunn eis Dammen näischt méi ubrenne gelooss an dësen kloer mat 15-7 gewonnen.

Lo goung et géint Schottland. Eng Equipe déi individuell méi staark anzeklasséieren war. Schonn den éischte Saz war ganz serréiert a goung um Enn mat 25-23 un Gäscht. Duerno war et en Op an Of vun den Emotiounen. Béid Equippen hunn regelméisseg d'Féierung getosch. D'Heemequipe hat dat bessert Enn op senger säit a gewënnt 26-24. Änlecht Bild am drëtte Saz wou ken dem Géigner Kadoe gemaach huet an de Match eng gutt Reklamm fir eise Sport war. Intensiv a spannend bis zum Schluss konnten d'Lëtzebuerger mat engem Ace vum Nathalie Braas zum 27-25 ofschléissen. De véierte saz hat net gudd ugefaangen fir eis Meedercher. 1-6 hannen hunn si sech Punkt fir Punkt nees erugekämpft. et war den eenzege Saz géint Schottland de mat méi ewéi 2 Punkten Ecart gewonne gouf. 25-21 war d'Resultat. 

En historecht Resultat well domatt ass Lëtzebuerg den éischte Champion vun der Small Countries Association.

letzvolley logo black