#hungrylions starten a Summersaison

*** SAVE THE DATE ***

De 6. Mee starten eis roud Léiwen an d' Summersaison. Nach virun der Finall an der Small Countries Divisioun an Island, dem zweeten Tour WM-Qualifikatioun an Holland souwéi de Spiller vun de klenge Länner

zu San Marino moossen sech eis Hären mat der Schwäiz.

De Match fënnt am Kader vun de Festlechkeeten ronderem d' Inauguratioun vun der neier Sportshal zu Luerentzweiler statt. An de leschte Joren stounge sech béid Formatiounen ëmmer nees géinteniwwer mat enger ganz positiver Bilanz fir eis roud Léiwen.

 

 

Tags: Indoor - Hären

letzvolley logo black