Eis Nationaalspiller am Ausland

Nach ni woren esouvill LëtzVolleyballer am Ausland aktiv. Op dëser Plaz probéiere mir Iech regelméisseg en Update ze man wéi hinne get a wou si mat hierem Veräin dru sinn.
Fir de Kamil Rychlicki huet den Training bäi sengem neie Klubb Noliko Maaseik

an der Belsch schonn viru 2 Wochen ugefaang. am Moment stet haaptsächlech Athletiktraining um Programm. De Chris Zuidberg get bäi Tours Volleyball a seng zweete Saison. Nom Trainerwiessel während der leschter Saison hat hien et méi schwéier sech an der éischter Ekipp ze manifestéieren. Mam neien Trainer Giampaolo Medei, ëmmerhinn Assistant Coach vum Olympesche Sëlwermedaillegewënner Italien, soll sech dat rem änneren an dem Chris seng Motivatioun ass ongebremst positiv. Den Training mat der éischter Ekipp fänkt eréicht de 29. August un.

Als Drëtten um héchste Niveau an Europa (baussend Lëtzebuerg)   spillt Annalena Mach scho seng drëtt Saison bäim 1. VC Wiesbaden. Zu Wiesbaden sinn se niewt dem Training am Moment nees vill ënnerwee fir Reklamm ze maachen an d' Leit fir eise Lieblingssport ze begeeschteren. Niewt dem Volleyball stet fir d' Annalena awer och ëmmer nach säi Biologiestudium um Programm an do get et dëst Joer em de Bachelor. Bonne Chance Annalena um Terrain an och op der Uni.

Donieft sinn awer nach e puer aner Spiller/innen am Ausland aktiv. An der Schwäiz spille bäim Éischtligist VBC Einsiedeln mat Dominik Husi a Jan Lux gläich 2 vun eise Nationalspiller. An der 3. däitscher Liga bäi den Dammen get Michèle Breuer fir ETV Eimsbüttel (3. Liga Nord) un d' Netz. Hatt wäert awer réicht am Oktober bäi d' Ekipp stoussen wann och säi Studium zu Hamburg uget. Bis dohinn hällt hatt sech um Nationaltraining fit.

Dier kënnt Iech och selwer um Lafenden halen wéi et eise Lëtzvolleyballer bäi hiere Veräiner esou get.

Kamil Rychlicki  Noliko Maaseik  https://www.facebook.com/VolleybalclubNOLIKOMaaseik
Chris Zuidberg Tours Volleyball https://www.facebook.com/toursvolleyball
Annalena Mach 1. VC Wiesbaden https://www.facebook.com/vcwiesbaden
Dominik Husi a Jan Lux  VBC Einsiedeln https://www.facebook.com/vbceinsiedeln
Michèle Breuer ETV Eimsbüttel https://www.facebook.com/ETV-Volleyball-114091865277396

Tags: Lions in Europe

letzvolley logo black