European League déi Éischt

Eis Indoor Hären haten sech leschten Donnegdeg op de Wee an Éisterräich gemaach fir zu Enns an Amstetten op déi besser klasséiert Equippen aus Éisterräich, Wäissrussland an Estland ze treffen.

Leschtgenannten gëllt als Favorit op déi éischt Plaz an der Pool 2 an domat fir Qualifikatioun fir de Final4 vun der European League.

D' #hungrylions woren héich motivéiert an am éischte Match géint Lokalequipp konnte si am éischte Saz mat vill Risiko iwwerzegen. Hinnen ass quasi alles gelongen an esou konnte si den éischte saz iwwerhaapt fir Lëtzebuerg an der European League gewannen. Duerno koumen Éisterräicher emmer besser an de Match an op lëtzebuerger Säit hunn d' Alternative gefeelt fir ze réagéieren.

Am zweete Match géint Estland haten roud Léiwen awer och guer näischt ze gudd an d' Esten hunn hinnen d' Limiten gewisen. Athletesch, taktesch an technesch besser - voll Profien eben - konnten Esten och mat hierer zweeter 6 d' Lëtzebuerger op Distanz halen. Eis Léiwen hu sech awer net opginn an am drëtte Saz ganzer 21 Punkten erspillt. Eng respektabel Astellung fir nom 16-25 a 14-25 esou e Score ze réaliséiren.

20160604 EL EST LUX

Géint Wäissrussland, déi bis dohinn och hir 2 Matcher géint Éisterräich an Estland verluer haten, hat en sech ausgerechent an d' Géigend vun engem Sazgewënn ze kommen. Leider huet et och hei un der Konstanz gefeelt, respektiv hunn d' Géigner keng schwaach Phasen gehaat déi de Lëtzebuerger e Saz erméiglecht hätten.

Um Enn stet en éischte European League Tournoi mat ville neien Erfahrungen an der Erkenntnis datt en am Concert vun de grousse Länner nach vill ze léieren huet. Wann e selwer 4, 5 oder 6 Topspiller um Terrain stoen huet esou huet de Géigner op dësem Niveau der och nach 4, 5, 6 vum selweschte Kaliber op der Bänk sëtzen an déi wëlle natiirlech weise wat se kënnen. Hei brauche  mer méi Spiller déi dëse Niveau erreechen, wa mer wëlle kompetitiv sinn, me dofir spille mer jo dës Campagne.

Mir sollte gespaant sinn wat eis Jongen an hierer Fräizäit déi nächst 2 Wochen emgesat kréien a mir freeën eis op den zweeten European League Optrëtt an Estland vum 17-19. Juni.

Tags: Indoor - Hären, European League

letzvolley logo black