Gudd gebrëllt Lions, lo muss gebass ginn

Fir zweete Kéier no 2014 huet d' FLVB den Tournoi fir déi éischt Ronn an der EM-Qualifikatioun ausgeriicht. Och fir zweete Kéier hunn d' roud Léiwen géint Litauen gewonnen. Dat knappt Resultat vun 3:2 hätt allerdéngs net musse sinn. D' Potenzial

fir dëse Géigner méi däitlech ze klappen hunn d' Jonge ganz sëcher an dovu konnte sech d' Leit am Gymnase um Samsdeg iwwerzegen. Géint eng Éisterräich, déi schonn an der Endronn vun der Europameeschterschaft stoungen konnt Lëtzebuerg de Match équilbréiert gestalten a souguer den zweete Saz gewannen. Leider hunn d' Gäscht dono hir Iwwerleeënhet an der Mëtt ausgespillt an de Match mat 3:1 décidéiert. Um Sonndeg géint Moldawien ware Rychlicki, Braas , Lux (Foto) a Co nëtt méi frësch genuch an et huet bis den drëtte Saz gedauert bis #hungrylions nach emol wakreg goufen. Leider war Moldawien taktesch excellent op eist Spill agestallt an huet de Match kloër mat 3:0 gewonnen.

Fazit nom Tournoi: Et ass nach Loft no uewen an an 2 Wochen heescht et rëm bäissen.

Fotoe ginn et op volleyball.lu an den Replay vum Livestream fannt  dir op Laola1.tv

Tags: Indoor - Hären, EM-Quali

letzvolley logo black