Och Damme spillen EM-Qualifikatioun

Niewt den Hären, zu Lëtzebuerg, sinn och eis LëtzVolley Dammen dëse Weekend am Asaz . Hir Rees féiert an Estland méi genee an d' Haaptstad Tallinn. Fir d' Meedercher ass"et déi éischt Campagne zënter 2010 wou si géint Schwäiz gespillt hunn.

Dëss Kéier mussen si niewt der Heemekipp Estland ausserdem nach géint Schweden an Dänemark untrieden. Däne woren Ugangs des Joers och Gaascht bäim Novotelcup wou si de Lëtzebuerger #RedLionLadies am Optaktmatch nët vill Chance gelooss hunn. Lëtzebuerger ginn also als Underdog an des Campagne me ënnerschätzen dierf en si op kee Fall. Och si sinn hongrëg op méi.

Tags: Indoor - Dammen, EM-Quali

letzvolley logo black