Eng ustrengend Woch fir Indoor Hären 13/05-22/05

FLVB Hären spillen an 1 Woch gläich 2 Tournois'en zu Lëtzebuerg. Am éischten Tournoi spille mir an der Small Countries Division géint Färöer Inselen a Nordirland. Déi éischt Plaz bäi desem Tournoi ass gläichbedeitend mat der Qualifikatioun fir den zweeten Tour fir 2018 - FIVB World Championships.

Eng knapp Woch duerno get et an der CEV 2017 European Championships Qualifikatioun em d'Wurscht. D' Häre spillen hei géint Litauen, Éisteräich a Moldawien. Et ginn 3 Poolen an déi 3 éischt souwéi déi 2 bescht Zweet qualifiréieren sech fir de nächsten Tour am September mat Géigner wéi Däitschland oder der Belsch.

Kommt eis an de Gymnase vun der Coque ënnerstetzen fir datt mir den Exploit réaliséieren. Ticket'en ginn et op coque.lu

Och d' Damme spillen an deser Campagne mat. Hiren Tournoi ass an Estland.

YouTube Trailer

Tags: Indoor - Hären

letzvolley logo black