An Estland fir ze léieren

Eis Dammenationaalequipp hat sech de Weekend an Estland gemaach fir eng éischte Kéier zënter 2010 nees un der EM-Qualifikatioun delzehuelen. D' Resultat an Zuelen mat 3 x 0:3 ass natiirlech net zefriddestellend awer

d' Leeschtung vun de #RedLionLadies verdingt eise Respekt. D'Konditiounen an der Preparatioun wéi och um Tournoi selwer ware net optimal - zwou Spillerinne woren den éischte Match an eng de leschte Match nët mat dobäi - an esou dierf e  gespaant sinn wat eis Dammen kënnen op den Terrain brengen wann si d' Chance hunn sech komplett ze presentéieren. Si konnte vill Erfahrunge sammelen déi si weider brengen an déi hinne gewisen hunn op wat et ukënnt wann e wëll um europäesche Mëttelfeld matspillen. Donieft konnten Matcher zu Tallinn genotzt ginn fir sech op Small Countries Division Enn Juni zu Lëtzebuerg ze préparéiren.

Mir freeën eis drop Iech rëm zu Lëtzebuerg an Aktioun ze gesinn.

Tags: Indoor - Dammen, EM-Quali

letzvolley logo black