Nom Tournoi ass virum Tournoi

Eng souverän éischt Plaz hunn sech eis #hungrylions bäim éischten offiziellen Optrëtt an der Campagne 2016 erspillt. Weder Nordirland nach d' Färöer Inselen konnte mat eise Jonge mathaalen an esou gouf et gläich zweemol

eng ganz kloer 3:0 Victoire. Den Detail fannt der an der Rubrik Events. Deemno sinn FLVB Hären elo souwuel fir d' Finall bäi de Small Countries 2017 an Island wéi och fir den zweeten Tour an der Qualifikatiuon fir Weltmeeschterschaft 2018 qualifizéiert.

Eng weider Erausfuerderung waart awer schonn op eise Kapitän Gilles Braas a seng Coéquipiers'en. Direkt dëse Weekend schonn spille si den 1ten Tour an der EM-Qualifikatioun (vun de grousse Länner). Do sinn d'Géigner vu ganz aanerem Kaliber. Géint Litauen (Freideg um 19:30), Éisterräich (Samsdeg um 19:30) a Moldawien (Sonndeg um 18:00) probéieren si sech fir den zweeten Tour ze qualifizéieren. Fir dëst Zil ze réaliséieren brauche si all Ënnerstëtzung. Dofir kommt si an d' Coque ufeieren wann Lëtzvolley Geschicht schreift.

Tags: Indoor - Hären, EM-Quali

letzvolley logo black