Red Lions go Silver League

Fir déi éischte Kéier an der Geschicht vum Lëtzebuerger Volleyball trieden d'rout Léiwen an der CEV European Silver League un. Géigner fir Lëtzebuerg (CEV Ranking 35) an der Pool B sinn Griechenland (19) a Lettland (28). D'Heemmatcher sinn

den 30.5. - Griechenland - an den 6. Juni - Lettland - all Kéiers em 19h00. Den Entréespräis an der Oweskees ass 10 EUR/Match. D' FLVB offréiert en Kombi-ticket - just am Viirverkaf - fir déi 2 Matcher zum Präis vu 15 EUR. Méi Detailler op flvb.lu.

letzvolley logo black