Eischte Match, éicht Victoire fir RedLion Ladies

Um éischten Dag vun den SCA Volleyball Championships hunn  RedLionLadies hir Favoritteroll mat engem souveränen 3-0 géint Nordirland ënnerstrach. Nodeems Nordirland am fréie Mëtteg schonn mat 3-1 géint Grönland gewanne konnt, waren

 Lëtzebuerger gutt agestallt an de Match gaang. Eng Serie vum Isabelle Frisch huet fir den Knockout am éischte Saz gesuergt de mat 25-10 un Heemequipe goung. Am zweete Saz ass et direkt do weidergaang an Nathalie Braas huet mat enger Serie vun 16 Punkten um Service keng Zweiwel un der Lëtzebuerger Victoire méi opkomme gelooss. 25-4 war de Score um Enn.

Am drëtte Saz huet de Coach Herman Vleminckx kräfteg duerchgewiesselt ma d' rout Léiwinnen sinn fokusséiert bliwwen. Och déi zweet 6 konnt weisen datt si et verdengt hat um Terrain ze stoen an den drëtte Saz mat 25-10 gewonnen. E gelongenen Optakt also fir Letzebuerg an dëst Championnat vun de klenge Länner.

Gespillt fir Lëtzebuerg: Nathalie Braas, Isabelle Frisch, Marie-Lou Bollendorff, Lena Wagner, Yana Feller, Cindy Schneider, Julie Teso, Noa Reiland, Christelle Nicolay,Camille Esselin, Sarah Wolf, Maryse Welsch, Marlène da Costa, 

letzvolley logo black