#SCAVOLLEYW2019

Vum 10. bis den 12. Mee spillen eis Red Lion Ladies ëm d' Kroun vun de klenge Länner an der Small Countries Association. Bäi am Ganzen 6 Equippen ginn et 2 Poolen wou Lëtzebuerg et mat Nordirland an dem Newcomer Grönland zedinn kréien. An där anerer Pool spillen Scottland, Irland an d'Färöer Inselen géinteneen. 

D'Zil vun de Lëtzebuerger Dammen ass ganz kloer d'Goldmedaille. Och wann mam Carla Mulli an dem Betty Hoffmann (allebéid verletzt) 2 wichteg Stäipen an der Equipe feelen wäerten d'Dammen vum Herman Vleminckx alles drusetzen fir dat beschtméiglech Resultat erauszeschloen. No den zwee matcher an der Pool ginn Halleffinallen tëschent den 2 éischten Equippen aus all Pool gespillt. Um Sonndeg sinn Finalle programméiert.

Dësen Tournoi ass an engems eng gutt Viirbereedung op d'Spiller vun de klenge Länner Enn Mee a Montenegro. 

Tags: Indoor - Dammen, SCD

letzvolley logo black