Preparatioun vun eisen #EuroLions

Ladies first: D' Annalena Mach huet mam VC Wiesbaden 2 mol géint de franséichen éischtligist Terville-Florange getest an zweemol sinn déi Däitsch als Vainqueur vum Terrain gaang. Vu datt

et bäi Wiesbaden am Moment e besse Verletzungspech gett (virun Allem am Mëttelblock) sinn all weider Testmatcher bis op Weideres oofgesoot an de Fokus läit elo um Zesummespill. D' Annalena Mach huet an de Preparatiounsmatcher genee souvill Asazzäit kritt ewéi seng Matspillerinnen. Bäi der ganzer Ekipp ass awer nach Loft no uewen bis d' Saison zu Wiesbaden den 22. Oktober géint Vilsbiburg lass geet.

De Steve Weber huet mat sengem neie Veräin  VC Bliesen no engem éischten Testmatch Ufank September géint de lëtzebuerger Doublésgewënner VC Stroossen, dierften géint Rhein Main Volleys aus der éischter däitscher Bundesliga untrieden. Wéi erwaard wor de Géigner eng Nummer ze héich an de Match goung mat 0:4 verluer. Esou konnt de Bliesener Trainer awer profitéieren fir alle Spiller eng Chance ze ginn sech um Terrain ze beweisen de Steve huet 1,5 Saz duerfte weise wat e kann.

Den Chris Zuidberg gett bäi Tours Volleyball ëmmer méi op Diagonalspiller ëmgeschoult. Vill Asazzäit kritt hien bäim ambitionéierte Klubb aus Frankräich an der éischter Ekipp awer leider net. Dofir zielt hien an der Nowuesekipp vun Tours awer zu de Leader a kann dacks genuch beweisen datt hien sech nach weiderentwéckele kann. Am Frëndschaftsmatch vun der éischter Ekipp géint de belsche Champion Knack Roeselare duerft de Chris sech mat waarm maachen ass awer no senger liichter Verletzung um FOussgelenk geschount ginn. Am Frankräich get Saison den 20. Oktober rëm lass Tours spillt den éischte Match géint Chaumont.

Chaumont wor och en Testgéigner vun Noliko Maaseik an dem Kamil Rychlicki, no enger ganz schlechter Leeschtung an allen Elementer - de Kamil huet just am 3te Saz gespillt - verléiert Maaseik de Match 0:3. Ähnlech Leeschtung dann och am Match Maaseik géint TV Bühl aus Däitschland, bäim 1:3 koum de Kamil déi lescht 2 Sätz an den Asaz. Géint Ajaccio duerft de Kamil de ganze Match spille a no schlechtem départ bis 11-16 , huet Maaseik nach de Match gedréint an um Enn 3:0 gewonnen. Den éischten offizielle Match fir de Kamil a säi neie Veräin ass den 12. Oktober géint Knack Roeselare am belsche Supercup.

Tags: Lions in Europe

letzvolley logo black